Cette offre a expire le 22/08/2026. Elle n'accepte plus de candidatures.
NEW Educateur gradué - Internat Esch (M/W/NB)
arcus asbl
· Esch-sur-Alzette
Juniorpt
Description du poste
Mir siche fir d' Internat Esch en Educateur gradué (M/W/NB) am CDI (ab 1.9.2026) mat 32 Stonnen/WochDe Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei deem Bildung, Kreativitéit an Nohaltegkeet vereent ginn. Formida Wunnen ass d’Internat vum Centre Formida, wou Jonker am Alter vun 12 bis 18 Joer an engem geschützte Raum wunnen, léieren a wuessen. Hei ginn déi Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten. Weider Informatioune fënns du ënner formida.lu.Deng Aufgaben:Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem AlldagEntwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnenUleedung zu engem kreative Bildungs- a FräizäitverhalenËnnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher Däi Profil:Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten DiplomDu bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffenDu bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéierenDu bass kreativ an der Gestaltung vu BildungsprozesserDu kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzenDu bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten) Wat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis :arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire) Show more Show less
Questions fréquentes
Le salaire n'est pas communiqué publiquement par le recruteur. Vous pouvez postuler et négocier directement avec arcus asbl.
Cliquez sur "Postuler maintenant" en haut de la page. Vous pouvez importer votre CV en 1 clic — Jobiglo extrait automatiquement vos informations et postule pour vous.
Pourquoi signalez-vous cette offre ?
Merci pour votre signalement. Nous allons examiner cette offre.