pt
Job description
Mir siche fir eise Service focus (Formatioun an Entwécklung): Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/WochMir gleewen un d'Potential vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen. Mir schafen Raim fir Reflexioun, Léieren an Entwécklung. Mir verstinn Berodung net als d'Vermëttele vu fäerdege Léisungen, mee als e gemeinsame Prozess, fir nei Perspektiven ze entdecken an nohalteg Entwécklung méiglech ze maachen.Deng Aufgaben:Du begleets pedagogesch Équipen an Organisatiounen an hire fachlechen EntwécklungsprozesserDu schafs Geleeënheete fir Reflexioun, Austausch a professionellt Léieren am AlldagDu ënnerstëtz Fachleit bei pedagogeschen, organisatoreschen an teambezunnen ErausfuerderungenDu moderéiers Reuniounen, Workshops a Begleedungsprozesser a förders eng konstruktiv ZesummenaarbechtDu beobachts Praxis, hëls Ressourcë a Potentialer an de Bléck a begleets d'Entwécklung vu passende LéisungenDu begleets Qualitéits-, Konzept- an Verännerungsprozesser a Bildungs-, Betreiungs- an Aide à l’enfance-StrukturenDu schaffs enk mat de Kolleg*innen aus engem multidisziplinären Team zesummenDu dréis zur Weiderentwécklung vu Methoden, Instrumenter a Fachressourcen bäi an entwéckels inspiréierend Formater fir FormatiounenDäi Profil:Du interesséiers dech fir d'Entwécklung vu Mënschen, Équipen an OrganisatiounenDu kanns vertrauensvoll Bezéiungen opbauen an op Aenhéicht mat verschiddenen Acteuren zesummeschaffenDu lauschters aktiv no, stellst reflektéiert Froen a kanns verschidde Perspektiven zesummebréngenDu hues eng héich Reflexiouns- a KommunikatiounskompetenzDu kanns flexibel mat komplexe Situatiounen ëmgoen an behäls dobäi den IwwerbléckDu schaffs selbstänneg, strukturéiert a verantwortungsvollEng Ausbildung oder Beruffserfarung an de Beräicher Bildung, Sozialaarbecht, Psychologie, Berodung, Coaching, Organisatiounsentwécklung oder engem vergläichbare BeräichDu beherrschs Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si wëllkommWat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.Eng Aarbechtskultur, déi op Vertrauen, Zesummenaarbecht an Entwécklung setzt.D'Méiglechkeet, Bildung, Betreiung an Hëllefssystemer aktiv matzegestalten.Kontinuéierlech fachlech a perséinlech Weiderentwécklung.D'Méiglechkeet, all Dag dozou bäizedroen, datt Fachleit, Équipen a Kanner vun de beschtméigleche Bedéngunge profitéieren.Iwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Show more Show less