Jobiglo

No results.

NEW Educateur diplômé/ Agent sociopédagogique (M/W/NB) - Crèche Elmen

arcus asbl · Olm

Junior pt

Job description

Mir siche fir d'Crèche Elmen: Educateur diplômé oder Agent sociopédagogique (M/W/NB) am CDI mat 25 Stonnen/WochD'Crèche Elmen ass am September 2024 am Zentrum vun Elmen, een neit Duerf just ausserhalb vun Olm, opgaangen. Momentan bitt d'Crèche Plaz fir 44 Kanner, déi jeeweils an 3 Gruppen opgedeelt sinn: e Grupp vu Kanner vun 0-2 Joer, a zwee Gruppe vu Kanner vun 0-4 Joer. All Dag begleet eng jonk a dynamesch Erzéierekipp d'Kanner op eng opmierksam a respektvoll Aart a Weis déi d'Wichtegkeet vu Stabilitéit a Vertrauen a Relatioune mat feste Referenzpersounen ervirbréngt. Besonnesch wichteg sinn déi individuell a qualitativ Bezéiungsmomenter wärend dem Versuergen a beim Iessen, esouwéi och beim Spillen a Beweegen. Fir d'Weiderentwécklung vun der Ekipp ze fërderen, huet all Ekippemember d'Méiglechkeet spezialiséiert Formatioune jee no Altersgrupp ze suivéieren.Deng Aufgaben:Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 JoerDu wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenDäi Profil:Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier oder DAP EducationDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)Wat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldIwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.(bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire) Show more Show less

Questions fréquentes

Le salaire n'est pas communiqué publiquement par le recruteur. Vous pouvez postuler et négocier directement avec arcus asbl.
Cliquez sur "Postuler maintenant" en haut de la page. Vous pouvez importer votre CV en 1 clic — Jobiglo extrait automatiquement vos informations et postule pour vous.

Why are you reporting this job?

Thank you for your report. We will review this job.

Apply in 30 seconds

Enter your email to apply. An account will be created automatically.

Apply now →

By continuing, you accept our terms of use.

Already have an account? Login

A question about this job?

Ask it here: you will get the full job summary by e-mail, right away.

💬 Chat with us on Telegram

Published 1 month ago

Expires 2 weeks from now

57 views · 0 interested

Boost your chances

Upload your CV — we will match you with relevant openings.

Analyzing your CV...

arcus asbl

Olm