Educateurs diplômés (M/W/NB) - Crèche internationale de Belair
arcus asbl
· Luxembourg
Nouveau
pt
Description du poste
Mir siche fir d'Crèche Internationale de Belair: Educateurs diplômés (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/WochAn der Crèche Internationale de Belair gleewe mir drun, datt déi éischt Liewensjoren eng ganz besonnesch Zäit vun Entdeckung a perséinlecher Entwécklung sinn. An dëser Struktur begleede mir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer an engem sécheren a respektvollen Ëmfeld, wou Wuelbefannen an individuell Fërderung am Mëttelpunkt stinn. Mat Engagement, Professionalitéit a Freed schafe mir Raim fir kreativ Spillmomenter, sozial Léiererfarungen a pädagogesch Projeten, déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet stäerken.Deng Aufgaben:Du empfänks a begleets Kanner vun 3 Méint bis 4 JoerDu wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenDäi Profil:Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als ErzéierDu bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Ëffnungszäite vun der Crèche: 7h00–19h00)Du kanns esouwuel selbststänneg ewéi och am Team schaffen a bréngs e staarken Teamgeescht matDu bass organiséiert, motivéiert a kreativ an denger AarbechtsweisDu hues gutt sozial a kommunikativ KompetenzenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2), all aner Sproch ass vu VirdeelWaat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld Iwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire) Show more Show less
Questions fréquentes
Le salaire n'est pas communiqué publiquement par le recruteur. Vous pouvez postuler et négocier directement avec arcus asbl.
Cliquez sur "Postuler maintenant" en haut de la page. Vous pouvez importer votre CV en 1 clic — Jobiglo extrait automatiquement vos informations et postule pour vous.
Pourquoi signalez-vous cette offre ?
Merci pour votre signalement. Nous allons examiner cette offre.
Postulez en 30 secondes
Entrez votre email pour postuler. Un compte sera cree automatiquement.
En continuant, vous acceptez nos conditions d'utilisation.