Mid
pt
Description du poste
Mir siche fir eise Service „Familljenhaus“, baséiert zu Izeg : Agent administratif (M/W/NB) am CDD (Remplacement Congé maternité/parental) mat 25-32 Stonnen/WochEis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer: Aide familiale, Assistance familiale, Placement familial, Berodungsdéngscht a Quai57 (Suchtberodung).Deng Aufgaben:Du bass zoustänneg fir d’Gestioun vun den Uriff, Mailen a CourrierDu mëss den administrative Suivi (Encodage, Dokumenter, etc.) a Verbindung mat de PrestatiounenDu bass zoustänneg fir d’Aarbechtsplanifikatioun vum Service Aide familiale Du këmmers dech ëm déi deeglech administrativ Aarbecht vum ServiceDu assuréiers d’telefonesch Ruffbereetschaft (“astreinte téléphonique”) ee Weekend pro Mount Däi Profil:Du hues een Diplom (minimum DAP) am Beräich Administratioun, Sekretariat oder änlechDu hues minimum 3 Joer Beruffserfarung an engem administrative PostenDu kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken TeamgeeschtDu schaffs mat grousser Prezisioun a GrëndlechkeetDu hues ee gudde Kontakt mam ClientDu hues gutt Kenntnisser am MS Office (Word, Excel, Outlook, etc.)Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen, Portugisesch ass vu Virdeel Wat dech erwaart:Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire) Show more Show less