Jobiglo

Aucun resultat.

Grafikdesigner (m/f/d)

bildbrauerei · Colmar-Berg

Nouveau
pt
Figma

Description du poste

🇱🇺🎨 Mir sichen dech!Du bass kreativ am Kapp, strukturéiert an der Ëmsetzung a fills dech souwuel am Design wéi och am Projectmanagement doheem?Du hues een A fir staark visuell Konzepter, kanns Iddie kloer kommunizéieren a Projete souverän féieren?Egal ob Layout, Branding, Campagnen oder Client-Ofstëmmung – wann s du Gestaltung mat Verantwortung verbanne wëlls, bass du bei eis richteg.🛠️ Deng AufgabenKonzeptioun an Ëmsetzung vun Design-Léisunge fir Campagnen, Social Media, Web a PrintSelbststänneg Gestioun vu Projeten – vum Briefing bis zur ËmsetzungErstelle vu Layouten, Grafiken, Presentatiounen a visuelle KonzepterEnk Zesummenaarbecht mat Clienten, Projetmanager:innen an dem KreativteamPlange vun Timelines, Ofstëmme vu Feedback-Schleefen a Sécherstelle vun Deadlines am TeamMatentwécklung vu Markenoptrëtter, Campagnen-Iddien a DesignsystemerDu bréngs deng eegen Iddien eran an entwéckels Projeten aktiv weider🎒 Dat bréngs du matErfarung am Grafikdesign, Kommunikatiounsdesign oder visueller GestaltungÉischt Erfarung am Projetmanagement oder an der Koordinatioun vu KreativprojetenSécher Ëmgank mat Tools wéi Adobe CC (InDesign, Illustrator, Photoshop), Figma oder änlechE gutt Gefill fir Design, Marken, Typografie a visuell TrendsStrukturéiert a selbststänneg Aarbechtsweis mat gudder OrganisatiounStaark Kommunikatiounsfäegkeeten am Ëmgang mat Team a ClientenHands-on-Mentalitéit a VerantwortungsgefillDu schwätz op mannst zwou vun de Lëtzebuerger Amtssproochen (LU, FR, DE)🌟 Wat mir dir biddenOnbefriste Kontrakt (CDI) – 40 Stonnen/Woch (och 75% méiglech)Flexibel Aarbechtszäiten an Homeoffice zu Lëtzebuerg méiglechEng kreativ, oppen an hëllefsbereet TeamkulturVill Plaz fir deng eegen Iddien a VerantwortungSpannend Projete mat staarke Marken, Institutiounen & InitiativenInternational Zesummenaarbecht an Team-Retreats mat eise Büroen an DäitschlandJärleche Budget an Zäit fir Weiderbildung – z. B. Design-Workshops, Tools, Projetmanagement-TrainingsWorkations méiglechModern Aarbechts-Setup inkl. Laptop & EquipmentE Team, dat Iddie feiert – an nach méi d’Ëmsetzung🤝 Wien mir sinn?Mir sinn d'bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen, oder besser, e muss.Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz. D'Welt brauch net méi Content, se brauch besseren an dofir setze mir eis an.Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment.Mir wëlle Content schafen iwwert dee geschwat gëtt, deen ee gär ukuckt an dee bleift. Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe fest un international Zesummenaarbecht an d'Spillover-Effekter déi doraus entstinn.✉️ Loscht, Design a Projeten ze verbannen?Da schéck eis däin CV, däi Portfolio an e puer Zeilen, firwat s du gutt bei eis pass op freeën eis op Demandë vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.Loosst eis zesumme Werbung maachen, déi wierkt a bleift! Show more Show less

Questions fréquentes

Le salaire n'est pas communiqué publiquement par le recruteur. Vous pouvez postuler et négocier directement avec bildbrauerei.
Cliquez sur "Postuler maintenant" en haut de la page. Vous pouvez importer votre CV en 1 clic — Jobiglo extrait automatiquement vos informations et postule pour vous.

Pourquoi signalez-vous cette offre ?

Merci pour votre signalement. Nous allons examiner cette offre.

Postulez en 30 secondes

Entrez votre email pour postuler. Un compte sera cree automatiquement.

En continuant, vous acceptez nos conditions d'utilisation.

Deja un compte ? Connexion

Publie il y a 1 heure

Expire dans 1 mois

2 vues · 0 candidatures

Boostez vos chances

Importez votre CV : nous vous proposons les offres qui matchent votre profil.

Analyse de votre CV en cours...

bildbrauerei

Colmar-Berg