Jobiglo

Aucun resultat.

Cette offre n'est plus disponible

Cette offre a expire le 23/09/2026. Elle n'accepte plus de candidatures.

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5*

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg · Luxembourg

pt

Description du poste

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen ze leeschten?Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an Jugenlegechen, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi, e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.Är AufgabenMatwierken un der Opnam, Evaluatioun a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen.Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren.De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren.Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen.Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen.Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren.Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen.Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken.An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren.Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren.Wat eis ënnerscheetMir investéieren an Är EntwécklungReegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP...)Praxisaustausch an Deele vu FachwëssenKontinuéierlecht Léieren a professionellt WuesseAktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher EntwécklungEng Organisatioun an dauerhafter WeiderentwécklungStrukturéiert QualitéitsmanagementKultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher VerbesserungEntwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer BegleedungE professionellen a strukturéierte KaderZesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären TeamReegelméisseg Supervisiounen an IntervisiounenEnken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a DirektiounKloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg FachbegleedungEng Missioun mat WierkungDirekten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a JugendlechenËnnerstëtzung vu Familljen a komplexe LiewenssituatiounenE konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a WuelbefannenÄre ProfilDiplomer a fachlech KompetenzenDiplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom).Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg.Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie.Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz).Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.).Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille.Sozial Kompetenzen a PerséinlechkeetsprofilWertschätzend a professionell Haltung.Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen.Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen.Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner.Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn.Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement.Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen.Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet.Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis.Zousätzlech UfuerderungenFührerschäin BGutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e VirdeelKonditiounenCDIBeschäftegungsgrad: 100 %Remuneratioun laut CCT-SAS C5*Attraktiv extralegal VirdeelerDir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?Da freeë mir eis op Är Kandidatur!Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:MotivatiounsbréifLiewenslaf mat FotoKopie vum DiplomAutorisation d'exercerAm Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot. Show more Show less

Questions fréquentes

Le salaire n'est pas communiqué publiquement par le recruteur. Vous pouvez postuler et négocier directement avec SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.
Cliquez sur "Postuler maintenant" en haut de la page. Vous pouvez importer votre CV en 1 clic — Jobiglo extrait automatiquement vos informations et postule pour vous.

Pourquoi signalez-vous cette offre ?

Merci pour votre signalement. Nous allons examiner cette offre.

Une question sur cette offre ?

Posez-la ici : vous recevrez le récapitulatif de l'offre par e-mail, tout de suite.

💬 Contactez-nous sur Telegram

Publie il y a 2 mois

48 vues · 0 interesses

Boostez vos chances

Importez votre CV : nous vous proposons les offres qui matchent votre profil.

Analyse de votre CV en cours...

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Luxembourg